Wärend de Chrëschtdeeg an och op Silvester an Neijoerschdag ginn et Upassungen am ëffentlechen Transport.

Wéi all Joer fueren de 24. Dezember vun 20 Auer u keng ëffentlech Verkéiersmëttel. D'Busser - AVL, CFL, RGTR an TICE - fueren dann nees de 25. Dezember vun 8 Auer un. Allerdéngs gëllen hei déi nämlech Horairen wéi sonndes, respektiv wéi wärend de Feierdeeg. D'Late-Night-Busser falen op béiden Deeg aus.

Bei den Zich sinn de 24. Dezember no 20 Auer just nach déi international ënnerwee. De 25. a 26. Dezember fueren déi national Zich no de Sonndeg-Horairen.

Esouwuel op Silvester wéi och op Neijoerschdag soll ee sech viru sengem Trajet nach eng Kéier ukucke wéi d'Linne fueren. Och hei ginn et Upassungen.

Déi genau Detailer fannt Dir am Communiqué vun der Transportverwaltung.