Zu Lëtzebuerg ginn et ëmmer méi Elektroautoen. 7% ganz Elektrescher an 3,7% Plug-In-Hybriden. 

Speziell bei de Firmeween ass d'Zuel vun de rengen Elektroautoe geklommen. D'Plug-In-Hybride stagnéieren, nodeems do d'staatleche Ënnerstëtzungen ewech gefall sinn. Privatleit finanzéieren hiren Elektro-Auto an der Haaptsaach iwwert e Leasing.
 
D'Verbrenner maachen nach de Gros vum nationale Fuerpark aus, ginn awer zeréck. 38% sinn Dieselen an 43% Bensinner.
 
Dës Zuelen nennt d'Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.
 
Bis 2030 sollen 49% Elektroautoen zu Lëtzebuerg fueren.Dat wier en ambitiéist Zil, dat awer duerch nei respektiv verlängert steierlech Virdeeler ze erreeche wier.