Ëm Hallefnuecht ginn et gläich bei enger ganzer Rei Pëtrolsproduite liicht Präishaussen.

Beim Diesel a beim 98er Bensinn ass et jeeweils ee Cent méi, deen ee vun e Mëttwoch u pro Liter bezuele muss. Den Diesel kascht domadder 1,478 Euro pro Liter an den 98er 1,603 Euro. De 95er Bensinn gëtt ëm 0,7 Cent méi deier a kascht domadder elo 1,496 Euro de Liter. Beim Masutt ass et eng Präishausse vun 1,3 Cent op elo insgesamt 0,929 Euro pro Liter.

RTL