Op der Pompel
Präisser vun 98er a 95er Bensinn, Diesel a Masutt klammen

An der Nuecht op en Dënschdeg ginn et bei enger ganzer Rei Pëtrolsproduiten nees Präishaussen.
Déi stäerksten Hausse beim Präis gëtt et beim 95er Bensinn, hei klëmmt de Liter ëm 3,8 Cent, dat op 1,534 Euro pro Liter. Beim 98er ass et eng Hausse vun 2,2 Prozent, hei läit een ab en Dënschdeg bei 1,625 Euro pro Liter. De Präis vum Diesel dann wäert ëm 2 Cent klammen a läit bei 1,498 Euro de Liter.
Beim Masutt ass et nach eemol eng Präishausse vun 1,7 Cent op elo insgesamt 0,946 Euro pro Liter.
D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck

Am meeschte gelies