Den Trend an de leschte Joren ass kloer. Et ginn ëmmer manner nei Autoen am Grand-Duché verkaf.

Den Autofestival ass dëst Joer vum 25. Januar bis den 3. Februar. Nonzeg Concessionnaire stellen dann erëm déi neiste Modeller an déi beschten Offeren an d'Vitrinn. An dat an enger Zäit, déi fir d'Autosbranche vill Erausfuerderunge mat sech bréngt. Och hei am Land ass de Marché réckleefeg an et ass zimmlech ongewëss, ob dat erkläerten Zil vun 49 Prozent Elektroautoen op eise Stroosse bis 2030 wierklech erfëllt ka ginn. Et war deemno eng Pressekonferenz mat gemëschte Gefiller.
 
D'Energiepräisser, déi allgemeng Präisdeierecht, déi politesch Situatioun weltwäit. Dës Phenomener wierke sech natierlech och op d'Geschäft mat neien Autoen aus. Viru Corona huet d'Lëtzebuerger Autosbranche ee Rekordjoer nom anere geschriwwen. 2020 ass dunn de Marché agebrach, duerno koum et zu de bekannte Liwwerproblemer. D'lescht Joer goufe ronn 46.600 nei Autoen immatrikuléiert. Dat ass am Verglach zu 2023, wou vill Commandë vum Joer virdrun ausgeliwwert goufen, Réckgang ëm fënnef Prozent. Am Verglach mam Rekordjoer 2019 sinn dat fofzéng Prozent manner. Den Trend ass kloer.

"Also den Zuelen no géif ech soen, vun eis aus, jo, dat wär déi nei Normalitéit. Mir kréien elo vun dësen Zuelen erëm eng legère Progressioun, awer déi Rekordjore vu viru Covid, denken ech, déi si fir déi nächst puer Joer net ze maachen", seet de Manuel Ruggi, Directeur Operéationnel vum SNCA.

Wärend manner nei Autoe verkaaft ginn, wiessele méi Occasiounen de Proprietär. An den Duerchschnëttsalter vun den ugemellten Autoen ass bannent dräi Joer vu sechs Joer op siwen an an halleft Joer geklommen. Virun allem d'Entreprisen hale sech zréck. De Marché vun de Firmeween ass zejoert ëm véierzéng Prozent zréckgaangen, konstatéiert de President vun der Fedamo Philippe Mersch.

"Vill Entreprisen, mir mierken, datt hir Investissementer retardéieren, bedéngt duerch hir ekonomesch Situatioun. Natierlech ganz dramatesch am Handwierk, alles wat ronderëm d'Konstruktioun ass, dat wësse mer. Iergendwann eng Kéier geet dat jo och besser, well en Outil de travail, eng Camionnette muss jo iergendwann eng Kéier awer renouvelléiert ginn. Mir denken, dass dat awer deemnächst, also dëst Joer oder d'nächst Joer sech erëm wäert verbesseren."
 
D'Lëtzebuerger kafe vläicht manner nei Autoen, duerfir awer mer méi dacks elektresch. An den Immatrikulatiounsstatistiken 2024 stinn: 30 Prozent Bensinner, 12 Prozent Diesel, 22 Prozent Hybrid ouni Stecker, 8 Prozent Plug-in-Hybrid a 27 Prozent Elektroautoen. Mat den diversen Hybride läit den Undeel vun elektrifizéierten Autoe bei 58 Prozent. Och op der Strooss wiisst natierlech den Undeel vun elektrifizéierte Gefierer. Mä déi grouss Majoritéit vum Autofuerpark huet nach e Verbrenner ënnert dem Capot: Knapp véier Prozent Plug-in-Hybriden a siwe Prozent Elektroautoe sinn ënnerwee, also zesumme ronn eelef Prozent. Bis 2030 soll dee Wäert op 49 Prozent klammen, esou dat erkläerten Zil vun der Politik.

"Also, ech géif soen, par Rapport vun den Zuele wäerte mer 2030, wann alles gutt leeft, bei 40 Prozent leien, vläicht souguer e bëssen drënner", esou de Manuel Ruggi. "Awer déi 49 Prozent si momentan net ze erreeche par rapport zu den Zuelen, wou mer elo gesinn."
 
D'Fedamo wëllt hiren Deel zum Erfolleg vum Elektroauto bäidroen, mä huet kloer Fuerderungen un d'Politik virun allem, wat den Ausbau vun de Bornen ugeet, wéi de Philippe Mersch erkläert. Hie gesäit ee Problem dran, wann an engem Syndicat keng Majoritéit fonnt gëtt, fir eng Born ze installéieren.

"Engersäits dat ze solutionéieren an eebe vereinfachen, dass d'Leit kënnen eng Born installéieren an hirer Géigend, fir kënne vun engem elektreschen Auto vun den Avantagen dovunner ze profitéieren."

A well een hautzedaags, egal ob mat Elektro oder Verbrenner, vill ze dacks am Stau steet, schéinen ëmmer méi Automobilisten op d'Motorrieder ëmzeklammen. De Lëtzebuerger Motorradsmarché wiisst nämlech vu Joer zu Joer: 2024 war et eng Progressioun vun dräi Prozent.