Probleemer am Zuchtrafic op technesche Probleem an engem Zuch zeréckzeféieren

E Freideg de Moien zu Rodange / © RTL
E Freideg géint 8 Auer haten d'CFL gemellt, datt keng Zich géinge fueren. Ronn eng hallef Stonn méi spéit gouf den Zuchtrafic dann awer rëm opgeholl.
Wéi d'CFL an engem Schreiwes matdeelen, wier d'Stéierung vum Zuchtrafic duerch en technesche Problem u Bord vun engem Zuch geschitt. E Freidegowend goufen et da weider Prezisiounen. Deemno ass et an engem Zuch op der Linn Käerjeng-Suessem-Rodange-Athus zu engem technesche Problem komm.
E puer Honnert Meter virun der Hollerecher Gare ass dem Maschinist opgefall, datt et e Probleem mam Iwwerwaachungssystem vun den Diere gouf. Well net sécher war, datt keng Dieren opginn an eventuell Passagéier erausklammen an da riskéieren, vun engem aneren Zuch gepaakt ze ginn, huet de Maschinist en allgemengen Alarm ausgeléist. Dësen huet dofir gesuergt, datt alleguer d‘Zich an deem Beräich un d‘Stoe komm sinn. Ronn 20 Minutten nom Alarm, sinn alleguer d‘Zich erëm weider gefuer.
D'Schreiwes vun den CFL
Autour de 07h36, un problème technique au niveau d’un train de la ligne Luxembourg – Bascharage-Sanem – Rodange – Athus a demandé son arrêt en pleine ligne, à quelques centaines de mètres devant la gare de Hollerich. À l’arrêt en pleine ligne, le conducteur de train a constaté un problème avec le système de supervision de verrouillage des portes. Au vu de ce défaut et pour éviter le risque qu’un voyageur quitte le train et risque d’être happé par en train en sens inverse, le conducteur en question a lancé un appel dit « REC » (rail emergency call). Ce appel mène à l’arrêt automatiques de l’ensemble des trains dans une certaine circonscription.
La circulation des trains a progressivement repris à 07h56.