Betraff waren d'Linne Stad-Esch-Rodange a Stad-Diddenuewen-Metz.

Nodeems et e Freideg den Owend zu gréissere Problemer op den Zuchstrecken Esch-Rodange a Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz koum, leeft elo alles nees normal, dat mellen d'CFL.

D'Perturbatioune wieren duerch urgent Maintenanceaarbechten opkomm.

Wärend den Aarbechte sinn Ersatzbusser op de betraffene Linne gefuer.

Schreiwes vun den CFL am Detail

Par la présente, nous avons le plaisir de vous informer du retour à la situation normale sur les lignes Luxembourg – Esch/Alzette – Rodange et Luxembourg – Thionville – Metz après des perturbations dues à des travaux de maintenance d’urgence entre Bettembourg et Luxembourg.
 
Pour de plus amples informations concernant leur trajet, nous demandons à nos clients de consulter la recherche horaire sur www.cfl.lu ou dans l’application CFL mobile
Nous tenons à nous excuser auprès de nos clients pour les inconvénients occasionnés.

Detailer iwwer technesch Problemer um Freideg de Moien

E Freideg de Moie war et schonn zu grousse Perturbatiounen am Zuchtrafic komm. Wéi et vun den CFL heescht, wieren dës op en technesche Probleem an engem Zuch op der Linn Käerjeng-Suessem-Rodange-Athus zeréckzeféieren. Weider Detailer fannt Dir an eisem Artikel.