Verschidde vun den Haaptachsen an der Stad wäerte vum 20. Januar bis den 1. Februar tëscht 22 Auer a sechs Auer fir den Trafic gespaart ginn.

Dat, wéi et vun der Stater Märei heescht, wéinst "Verbindungsaarbechten um Kanal.

Betraff sinn d'Avenue de la Liberté vun der Rue Jean Origer un a Richtung Gare. Dann och d'Rue Glesener tëscht der Rue Duchscher an der Avenue de la Liberté an d'Stroossbuerger Strooss tëscht der Rue du Fort Wedell an der Avenue de la Liberté.