Zwee Vollen annuléiert, nei Flich fir e Mëttwoch geplangt

Archivbild vun engem Luxair-Fliger / © RTL Archiv
D'Luxair deelt en Dënschdeg den Owend mat, datt zwee vun hire Vollen hu missen annuléiert ginn.
Deemno konnt de Fluch LG352 vu Sal am Cap Vert mat Destinatioun Lëtzebuerg wéinst engem technesche Problem net starten. D'Passagéier, déi vun der Annulatioun betraff sinn, wiere vu LuxairTours an hiren Ekippen op der Plaz betreit ginn, fir hinne Léisungen ze bidden, bis e Mëttwoch en neie Fluch organiséiert gëtt.
Beim Fluch LG3767, deen op Porto sollt fléien, huet de Pilot missen d'Maschinn ëmdréinen. Och an dësem Fall gëtt en Donneschdeg en neie Fluch organiséiert, fir d'Passagéier dach nach op hiert Zil ze bréngen. D'Passagéier, déi deen Ament op Porto wollte fléien, wiere vum Kapitän an der Crew iwwer den Demi-tour informéiert ginn. Hir Sécherheet wier zu kengem Zäitpunkt a Gefor gewiescht.
D'Luxair rappelléiert, datt d'Sécherheet vun de Passagéier an der Crew Prioritéit hätt an et a verschidde Fäll zu Imprevue ka kommen.