Zuchtrafic tëscht Waasserbëlleg an Tréier nees opgeholl
Wéi d'CFL gemellt haten, waren en Donneschdeg de Mëtteg fir eng Kuerz Zäit keng Zich op der Streck tëscht Waasserbëlleg an Tréier gefuer.
Duerch en technesche Problem beim DB-Stellwierk zu Karthaus an Däitschland konnten d'Zich den Ament net fueren, heescht et weider vun den CFL. Géint 17.30 Auer hunn d'CFL gemellt, datt den Zuchtrafic nees opgeholl gouf. Trotzdeem kéint et weiderhin zu Retarden an Annulatioune kommen.
Fir d'Leit trotzdeem op hir Destinatiounen ze bréngen, haten d'CFL Ersatzbusser agesat, déi a béid Richtungen zirkuléiert waren an all d'Haltestellen tëscht Waasserbëlleg an Tréier bedéngt hunn.
Wéi laang et dauere wäert, bis nees alles normal rullt, ass aktuell net gewosst. Soubal d'CFL nei Informatioune vun der Deutschen Bahn kréien, wäerte si d'Passagéier doriwwer informéieren.
Weider Informatiounen an Alternative fannt Dir um Site vun den CFL.