Sécherheetsprobleemer bei de Fligeren a massiv Streik-Aktiounen hunn zu grousse Pertë beim US-Fligerconstructeur Boeing gefouert.

Konkret gouf et zejoert e Minus vun ëmgerechent méi wéi 11 Milliarden Euro. An och beim Ëmsaz gouf et eng Baisse vu ronn 14 Prozent.
 
Nieft enger Rei Tëschefäll, bei deene mol e Stéck Mauer wärend dem Vol aus dem Fliger erausgefall ass oder e Pneu beim Start verluer gouf, gouf zejoert och an zwou Haaptfabricke vu Boeing an den USA 50 Deeg laang gestreikt. Uganks November gouf et dunn en Accord fir substantiell Haussë bei de Salairen.