No der rezenter Baisse vu 2,7 respektiv 2,9 Cent, ginn d'Präisser vum Bensinn elo ërem an déi aner Richtung.

De Präis vum 95er Bensinn klëmmt deemno e Mëttwoch ëm 3,3 Cent op insgesamt 1,558 Euro de Liter an den 98er Bensinn geet ëm 3,5 Cent erop a kascht domadder 1,648 Euro de Liter.