Wéi d'CFL matgedeelt hunn, waren e Mëttwoch de Mëtteg fir bal zwou Stonne keng Zich tëscht der Stad a Beetebuerg gefuer.

Wéi et heescht, war den Zuchtrafic op de Linnen tëscht der Stad, Esch a Rodange respektiv tëscht der Stad an Diddenuewen a Metz wéinst engem technesche Problem mat de Weichen op der Héicht vu Beetebuerg gestoppt ginn.

Wärend den Aarbechte vun den techneschen Ekippe vun der Bunn waren Ersatzbussen agesat ginn, déi tëscht der Stater Gare a Beetebuerg gefuer sinn. Vun do aus konnt een dann nees op den Zuch ëmklammen.

D'Schreiwes vun den CFL

Par la présente, nous vous confirmons la reprise progressive de la circulation des trains sur les lignes Luxembourg – Esch/Alzette – Rodange et Luxembourg – Thionville –  Metz entre Luxembourg et Bettembourg. Néanmoins quelques retards et suppressions pourraient encore survenir.

Conscients des désagréments causés, les CFL invitent les voyageurs à consulter la recherche horaire sur le site www.cfl.lu, ainsi que l’application CFL mobile pour de plus amples informations quant aux horaires et alternatives de circulation.