Wéinst techneschem Probleem mat de Weichen
Zuchtrafic tëschent Stad a Beetebuerg war temporär perturbéiert

Archivbild / © Domingos Oliveira
Dat wéinst engem technesche Problem mat de Weichen op der Héicht vu Beetebuerg, esou d'CFL an engem Communiqué en Donneschdegmoien.
Betraff vu Retarde waren deemno a béid Richtungen d'Linnen tëschent der Stad a Rodange iwwer Esch, an tëschent der Stad a Metz iwwer Thionville.
Och zu Waasserbëlleg gouf et e Probleem mat de Weichen, dowéinst war och hei den Zuchtrafic tëschent der Stad a Koblenz perturbéiert.
Am Laf vum Moie waren d'Probleemer awer nees behuewen an den Zuchtrafic leeft nees normal.
Am meeschte gelies