Streik op belscher Bunn riskéiert, Auswierkungen op Lëtzebuerger Reseau ze hunn

© AFP
Vum 21. Februar owes um 22 Auer u gëtt et e Streik op der Belscher Bunn, dee bis den 2. Mäerz nach mat dauert.
Dat dierft dann och Auswierkungen op de Lëtzebuerger Zuchverkéier hunn, wéi d'CFL um Freideg de Mëtteg an engem Communiqué matdeelen.
Si probéieren dann och den Zäitplang sou séier wéi méiglech unzepassen, soubal se vun der SNCB wëssen, wéi eng Linne wéini betraff sinn.
Aktuell fuere jo scho keng Zich tëscht Lëtzebuerg an Arel, wéinst dem Schantjen op där Linn. Busser remplacéieren d'Zich.
Et ass dann och den Appell vun den CFL, sech um Site www.cfl.lu, respektiv www.belgiantrain.be/fr z'informéieren, wann ee plangt, den Zuch ze huelen.
Et ass schwéier, fir am Virfeld d'Ausmooss vum Streik ofzegesinn
Déi belsch Eisebunn SNCB sot just, datt d'Offer vun den Zich reduzéiert wier an datt den Impakt vum Streik vun engem Dag op deen anere variéiere géif.
D'Gewerkschafte wëlle sech mat hirer Aktioun géint d'Reforme vun der neier belscher Regierung vum Bart de Wever wieren, déi ënnert anerem d'Zuchpersonal betreffen. Dorënner d'Pensiounen, déi ënnert anerem virgesinn, datt d'Leit progressiv méi laang, bis 67 Joer schaffe missten. Besonnesch vun e Méindeg u soll et zu Perturbatioune kommen.