Vun en Donneschdeg u gëtt et eng däitlech Baisse op der Pompel.

De Präis vum 95er Bensinn geet ëm 3,2 Cent op 1,510 Euro de Liter erof. Beim 98er ass et eng Baisse vun 3,1 Cent op 1,601 Euro de Liter.

Den Diesel gëtt dann ëm 4 Cent méi bëlleg a wäert vun en Donneschdeg un 1,486 Cent de Liter kaschten.

Beim Masutt (10 ppm) geet de Präis ëm 4 Cent op 0,935 Euro de Liter erof.

RTL

© RTL-Grafik