E Sonndeg geet deen neien Tronçon vum Tram op
E Sonndeg gëtt déi éischt Tramslinn zu Lëtzebuerg fäerdeggestallt bis op de Findel, en neie wichtege Punkt am ëffentlechen Transport.
E Sonndeg ass et esou wäit, da fiert den Tram bis op de Findel. Mat der Aweiung vum knapp 4 Kilometer laangen Tronçon "E" tëscht der Luxexpo an dem Fluchhafen ass d'Linn 1, déi bis bei den nationale Fussballstadion geet, komplett. Dat heescht awer net, datt d'Aarbechten um Tramsreseau fäerdeg sinn.
D'Preparatiounsaarbechte fir weider Linne lafe schonn. Ma e Sonndeg gëtt elo Mol d'Arrivée vum Tram um Findel gefeiert.
Nach ass bei der Luxexpo Endstatioun, ma vun dësem Weekend u kann ee mam Tram iwwer 16 Kilometer vum Futtballstadion bis op de Findel fueren. Direkt nom Kierchbierg féiert eng Bréck iwwert d'Autobunn. Et ass bis elo déi eenzeg Bréck, déi reng fir den Tram gebaut gouf. An der Nuecht ass d'Bauwierk beliicht. Dono verleeft ee gudden Deel vun der Streck parallel zur Autobunn. Ma et geet och duerch de Bësch, den Impakt op d'Natur soll dobäi esou kleng wéi méiglech ausfalen, erkläert de Generaldirekter vu Luxtram Helge Dorstewitz:
"Dort gibt es in der Tat spezielle Maßnahmen, unter anderem eine spezielle Beleuchtung, eine bernsteinfarbene Beleuchtung, die verhindert, dass Vögel und insbesondere Fledermäuse nachts geblendet werden. Und die Beleuchtung wird natürlich auch nur eingeschaltet, wenn die Tram tatsächlich auch fährt."
Op deem neien Tronçon kënnt den Tram op bis zu 70 Kilometer an der Stonn. Theoretesch kéint een och nach méi séier fueren, ma aus Sécherheetsgrënn begrenzt ee sech op déi Vitess. Wat d'Frequenz ugeet, esou wäert déi där um Deel bis bei de Stadion entspriechen:
"Die Taktung sind 8 Minuten. Wir fahren im Innenstadbereich nach wie vor zwischen 3,5 und 4 Minuten, je nach Tageszeit. Und dann auf den Extensionen, also sowohl zum Stadion als auch hier zum Flughafen alle 8 Minuten."
Duerch déi nei Streck erwaart ee sech bei Luxtram 10.000 zousätzlech Passagéier pro Dag. Dobäi géinge sech Leit, déi op de Fluchhafe fueren respektiv vun do kommen a Leit, déi aus der Géigend sinn an den Tram huelen, fir op hir Aarbecht oder fir soss Aktivitéiten an d'Staat fueren, d'Wo halen. Um Pôle d'échange Héihenhaff entsteet dann och ee grousse Park and Ride mat engem Parkhaus. Aktuell sinn d'Aarbechten um Projet, deen a verschiddene Phase realiséiert gëtt, amgaangen. Wat kann een da generell zu de Käschten an dem Zäitplang soen?
"Wir sind nach wie vor absolut im Kostenrahmen, also im Rahmen der Gesetzesprojekte, die 2017 für den Tronçon E gestimmt worden sind. Wir haben keinerlei Kostenüberschreitungen und auch im Zeitplan liegen wir, denke ich, ziemlich gut."
Ob och bei der nächster Vakanz de Budget agehale gëtt, da läit dann un all Passagéier selwer. D'Faart mam Tram schléit op alle Fall net an d'Suen.