2019 hu 6 Millioune Leit den Tram geholl, zejoert waren et der 31 Milliounen

© Domingos Oliveira / RTL
E Samschdeg op den Dag sinn et 5 Joer hier, datt den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis ginn ass.
D’Regierung zitt an deem Kontext e Freideg e positive Bilan. Fir datt déi ëffentlech Transportmëttel awer wierklech attraktiv si fir d’Leit, misst weider konsequent a se investéiert ginn. D’Zuel vun den Zuchpassagéier ass vu 25 Milliounen 2019 op méi wéi 31 Milliounen 2024 eropgaangen. Beim Tram ass d’Zuel esouguer vun eppes méi wéi 6 Millioune bannent 5 Joer op méi wéi 31 Millioune Leit geklommen. De Succès vum Tram wier awer och dorobber zeréckzeféieren, datt dës Offer ëmmer méi attraktiv ginn ass, virop doduerch, datt d’Linn weider ausgebaut gouf, esou den zoustännege Ministère.
Dësen huet dann och eng Enquête lancéiert, fir erauszefannen, wéi d’Verhale vun de Leit a Punkto Transport evoluéiert. Dofir gi präzis Donnéeën zu den alldeeglechen Deplacementer vun de Leit gesammelt. Op där Basis soll dann och den nächsten nationale Mobilitéitsplang ausgeschafft ginn.