Well eng 20 Wäichen tëscht der Stad a Péiteng mussen ersat ginn, kënnt et zu Adaptatiounen an Ausfäll tëscht dem 14. Mäerz an dem 4. Abrëll.

Wéi d'CFL schreiwen, wäerte keng Zich iwwer d'Linn Lëtzebuerg - Käerjeng/Suessem - Rodange - Athus respektiv Lonkech op de Weekender vum 15. a 16. Mäerz, 22. an 23. Mäerz esou wéi 29. an 30. Mäerz fueren an duerch Busser ersat ginn. Dës Busser steieren all déi Uertschaften, duerch déi den Zuch fiert, och un.

Eng Alternativ per Zuch vu Rodange aus gëtt et dann den 14. Mäerz, 21. Mäerz, 24. bis 28. Mäerz an 31. Mäerz bis 4. Abrëll. Fir d'Clientë vu Lonkech aus fiert en Direktzuch iwwer Esch, dat um 5.46 Auer a 6.20 Auer. Respektiv et fueren och Zich vu Rodange aus iwwer Esch an et zirkuléiere Ween tëscht Rodange a Lonkech. D'Linn Rodange-Esch-Stad kritt da wärend dëser Zäit och supplementar Zich, esou datt ee vun Athus aus ouni Problemer kann an d'Stad fueren. Hei muss een awer bedenken, datt dësen Zuch ronn 20 Minutte méi laang brauch, wéi deen iwwer Käerjeng. Zu dësen Deeg fueren awer, genee wéi weekends, Ersatzbusser.