Op der Pompel
Diesel, Bensinn a Masutt ginn zolidd méi bëlleg

© Image Envato Sandsun
Vun en Freideg ginn d'Präisser op der Pompel däitlech erof.
De Präis vum 95er Bensinn geet ëm 3,6 Cent op 1,474 Euro de Liter erof. Beim 98er ass et eng Baisse vun 3,8 Cent op 1,563 Euro de Liter.
Den Diesel gëtt dann ëm 5 Cent méi bëlleg a wäert vun en Donneschdeg un 1,436 Cent de Liter kaschten.
Beim Masutt (10 ppm) geet de Präis ëm 5,2 Cent op 0,883 Euro de Liter erof.

© RTL-Grafik
Am meeschte gelies