Fir e Méindeg och Problemer um Lëtzebuerger Fluchhafen erwaart

© AFP Archivbild
Wéi d'Luxair schreift, sinn d'Flich an an aus Richtung Berlin gestrach ginn. Och Hamburg wäert vum Streik betraff sinn.
An Däitschland huet d'Gewerkschaft Ver.di fir e Méindeg zu engem Streik vu 24 Stonnen opgeruff an dat wäert och Repercussiounen hei am Land hunn. Wéi et vu Luxair heescht, wëll een d'Situatioun am A behalen a sämtlech betraffe Passagéier proaktiv kontaktéieren.
Gestrach wiere scho mol all d'Flich a Richtung Berlin an zeréck. De Fluch op a vun Hamburg sollt e Méindeg eigentlech bestoe bleiwe wéi geplangt. Dat hat d’Luxair am Communiqué geschriwwen. Allerdéngs huet d’Gewerkschaft ver.di ouni Ukënnegung schonn e Sonndeg mam Warnstreik zu Hamburg ugefaangen. Dofir wäert aus der Hansestad vun Sonndeg an um Méindeg kee Fliger starten an och keen do landen. Um Site vu Luxairport sinn d’Flich vun an op Hamburg am Laf vum Sonndeg de Mëtteg da mëttlerweil och annuléiert. Weider besteet de Risiko, datt e Méindeg och keng Fligeren op München ginn.