Zu Dikrech muss een elo en Ëmwee a Kaf huelen, wann ee vun der enger Säit vun der Sauer op déi aner Säit wëll kommen.

Dat betrëfft d'Foussgänger an d'Vëlosfuerer. Zanter dem 3.Mäerz ginn hei nämlech Renovéierungsaarbechten un der Bréck "Aal Schwemm" duerchgefouert. Et mussen hëlzen Elementer ersat ginn.

RTL

© googlemaps.com

D'Bréck bleift dowéinst viraussiichtlech fir ongeféier 2 Méint gespaart, esou d'Informatioun op engem Panneau bei der Bréck.