Den Autosconstructeur Ford Däitschland kritt vum Mammekonzern an den USA eng Finanzsprëtz vu méi wéi 4 Milliarden Euro.

An Zukunft wäert de Grupp awer net méi automatesch fir Scholde vun der Duechtergesellschaft opkommen. Nieft de Milliarde fir aktuell Scholden ze reduzéieren, gi weider Moyenen investéiert, fir d’Kompetitivitéit eropzeschrauwen an d’Geschäft unzekuerbelen. Fir laangfristeg an Europa erfollegräich ze sinn, musse mir weider eis Strukture vereinfachen, d’Käschte reduzéieren an d’Effizienz eropsetzen, esou de Vizepresident vum Konzern. Den Autosconstructeur géif sech zum Europageschäft bekennen, ma et bräicht een eng kloer politesch Agenda, déi d’Akzeptanz vun Elektroautoe fërdert an d’Demande vun de Consommateuren mat europäeschen Emissiounsziler koordinéiert. Ford hat staark an d’Entwécklung vun E-Autoen investéiert an dunn dorënner gelidden, datt net genuch Autoe verkaaft goufen.