Volkswagen Group
Den Nettogewënn ass zejoert ëm ronn 30% agebrach

© AFP
Fir d'Joer 2024 kann de Volkswagen Konzern zwar nach e Gewënn verbuchen, ma et sinn awer 30,6 Prozent manner wéi dat Joer virdrun.
Ënnert dem Stréch steet e Gewënn vun 12,4 Milliarden Euro an de Bicher.
Dass et en Abroch vun 30,6% gouf, wier op den haarde Konkurrenzkampf a China zeréckzeféieren, grad ewéi op héich Ëmbaukäschten. Dorënner fält och d'Aus vum Audi-Wierk zu Bréissel.
D'VW-Mataarbechter kënne sech allerdéngs iwwert eng Primm vu bal 4.800 Euro freeën. Fir genee ze sinn, sinn et 4.799,50 Euro. Zejoert war et mat 4.735 Euro Gewënnbedeelegung liicht manner.
Am meeschte gelies