Adapto rekrutéiert méi Leit, fir d'Delaie gedréckt ze kréien

Den Transportministère ass amgaang, zousätzlech Dokteren ze rekrutéieren, fir de Service beim Adapto ze verstäerken, dee sech ëm d'Demandë bekëmmert.
Dat äntwert d'Transportministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. Den Ament mussen d'Leit nach e puer Méint waarden, ier se eng Kaart kréien, fir kënnen op de spezialiséierten Transporservice zeréckzegräifen. Respektiv bis se hir Kaart erneiert kréien.
Den Adapto ass jo geduecht fir Leit mat engem Handicap, déi de Bus fir en Deplacement buche kënnen. D'Ministesch erkläert déi laang Waardezäiten domadder, datt d'Zuel vun den Demanden an der Lescht geklommen ass. Eleng am Januar a Februar dëst Joer sinn där am Ganze 674 erakomm. Vill Leit mussen den Ament effektiv hir Kaart erneieren, déi se viru 5 Joer kruten.
Zejoert krut de Ministère am Ganzen 2.404 Demanden. Dat entsprécht ronn 200 Dossieren de Mount, 2023 waren et der 215. 2022 nach 162. Wéi gesot, hofft de Ministère, elo mat zousätzleche Leit d'Delaie gedréckt ze kréien. All Dossier muss nämlech individuell gekuckt ginn an dat géif nawell vill Zäit huelen. Fir keen ze bevirdeelegen, ginn d'Demanden an där Reiefolleg traitéiert, wéi se erakommen.