2019 gouf et e Brand am Parking Martyrs. Doropshi gouf decidéiert, de Parking komplett ze renovéieren.

Fënnef an hallef Joer war en zou. Rieds ass vum Parking ënnert dem Rousegäertchen. Ëmmer nees bekloe sech d’Commercë vum Garer Quartier, datt net genuch Parkplazen do wieren an datt d’Cliente géifen ewechbleiwen. Zanter de Mëtteg huet de Quartier nees 360 Parkplaze méi a gläichzäiteg en neien – héich moderne – Parking. No fënnef Joer Park-Frustratioun  war et de Mueren déi feierlech Re-Ouverture vum Parking ënnert dem Rousegäertchen.

D'Stater Buergermeeschtesch, Lydie Polfer: “D’Sécherheetsmoossname si ganz anerer. Mee och einfach de Confort. Och duerch de Lift dee mer gemaach hunn. Méi breet Parkplazen. An de ganze Parking ass ënner Videoiwwerwaachung.”

Gutt Beliicht. E Vëlosparking. Déi passend Pompele fir d’Pneuen. An Nummereschëld-Erkennung fir den Auto. D’Standarde vun engem Parkhaus hu sech déi lëscht Jore staark verännert. Och a punkto Brandschutz gouf nogebessert, erkläert de Claude Peschon, Ingenieur fir d’Stad Lëtzebuerg:

De Claude Peschon, Ingenieur vun der Stad Lëtzebuerg

E Parking huet, hautzedaags, soulaang wéi en ënnerierdesch ass, eng Sprinkleranlag. Dat heescht et ass eng automatesch Läschanlag déi automatesch ausgeléist gëtt bei enger gewëssener Brandtemperatur. Mir hunn iwwerall Detekteren déi d’Temperatur am Parkhaus moossen. Gëtt eng gewëssen Temperatur iwwerschratt, da geet en Alarm lass an d’Leit ginn evakuéiert. Mir hunn iwwerall Feierläscher op den néidege Plazen an och Feierläsch-Schläich déi scho mat Waasser befëllt sinn, sollt et haart op haart kommen.”

Zwee an hallef Joer waren d’Renovatiouns-Aarbechte amgaangen – do virdrun huet nach esou munches mat den Assurancë misse gekläert ginn.

Wat war geschitt?

Den 9. September 2019 kënnt et zum Feier am ënnerierdesche Parking. Ausgeléist duerch e Kuerzen an engem Maserati. Do wou d’Feier ausgebrach ass, um -1, gouf et zu där Zäit keng Sprinkler-Anlag. De Parking ass deen Ament 35 Joer al an net méi wierklech up-to-date wat d’Sécherheetsmesurë vun haut ugeet. Ugangs gouf dovu geschwat, datt de Parking méintelaang zoubléift. Am Endeffekt sinn et gutt fënnef Joer ginn.

D'Geschäftswelt hofft op nei Clienten a méi Confort

Virun allem d’Geschäftsleit am Garer Quartier freeë sech op batter néideg zousätzlech Parkplazen, esou och den Thomas Bassac, Gerant vun engem Brëllegeschäft am Garer Quartier:

Den Thomas Bassac, Gerant vun engem Brëllegeschäft an de Christian Ascher aus engemBastelbuttek

“Mir hu Clienten déi eis gesot hu se géifen net méi bei eis komme well et ze schwiereg wier hei an der Géigend ze parken. Dofir, datt de Parking nees opmécht wäert eis alleguerte gutt doen.” 

Och am Bastelbuttek e puer Stroosse weider ass d'Virfreed grouss. De Christian Ascher: “Mir hunn ëmmer nees, datt d’Leit eis soen, datt et schwéier ass eng Parkplaz hei an der Géigend ze fannen. Besonnesch fir Leit déi gréisser Akeef maache kommen hëlleft de Parking vill.”

100 Meter ewech vum Parking ass och d’Zitha Spidol. Hei huet een zwar en eegene Parking – mee dësen ass limitéiert an de Plazen. D’Reouverture vum Souterrain um Rousegäertche kënnt virun allem de Patienten zegutt. De Georges Heirendt vun Hôpitaux Robert Schuman: “Et ass d’Accessibilitéit déi zielt. An och d’Leit déi bei eis kommen oder niewendrun an eng Maison du soin si generell net déi, déi et punkto Mobilitéit am einfachsten hunn.”.

D'Unzuel u Plazen ass vu 447 op 361 erofgaangen, well se méi breet gemaach goufen. Nieft 12 Plaze fir d’e-mobility sinn och 12 fir personnes à mobilité réduite disponibel, 9 Parkplaze si fir Fraen an 32 fir Vëloen. Déi ganz Aarbechten hunn 28,5 Milliounen Euro kascht.

Fir jiddweree si bis Enn vum Joer déi zwou éischt Stonne Parking gratis. Déi ginn un der Kees automatesch ofgezunn. Dat soll dem Public den Accès op d'Stater Gare méi einfach maachen.

Parking ënnert dem Rousegäertchen nees op
2019 gouf et e Brand am Parking Martyrs. Doropshi gouf decidéiert, de Parking komplett ze renovéieren.

Schreiwes mat den Detailer

Réouverture du parking « Martyrs » le 17 mars 2025 :
deux heures de stationnement gratuites jusqu’au 31 décembre 2025
 
La Ville de Luxembourg tient à informer le public que dans le cadre de la réouverture du parking « Martyrs », le lundi 17 mars 2025 à 14.00 heures, elle offrira les deux premières heures de stationnement (lundi-dimanche) aux usagers du parking « Martyrs », et ce, jusqu’au 31 décembre 2025. Lors du paiement aux caisses automatiques, le montant correspondant à deux heures de stationnement sera automatiquement déduit du montant total à payer.
 
Grâce à cette mesure, la Ville de Luxembourg vise à favoriser davantage le commerce et à garantir l’accessibilité du quartier de la Gare et de ses établissements qui proposent aux clients une palette diversifiée de produits et de services. 
 
Plus d’informations sur les parkings à Luxembourg-ville : parking.vdl.lu  
 
 
Information communiquée par l’Administration communale