De Grond fir eventuell Verspéidungen, respektiv komplett Ausfäll, ass en ugekënnegte Streik vun der CSC-Transcom an CGSP Cheminots bei der SNCB.

Betraff sinn hei potentiell alleguerten d'Zich déi e Sonndeg 16. Mäerz an e Méindeg 17. Mäerz tëscht dem Grand-Duché an der Belsch zirkuléieren. Wéi d'SNCB selwer matdeelt, wäert d'Offer da jee nodeem, wéi een Impakt de Streik huet, ugepasst ginn a wäert och 24 Stonne virdru publizéiert ginn.

Iert een sech dozou entscheet, tëscht der Belsch a Lëtzebuerg den Zuch ze huelen, recommandéieren d'CFL, sech um offizielle Site oder op der CFL App z'informéieren.