Vum 23. bis 31. Mäerz
Perturbatioune bei Zich tëscht Lëtzebuerg an der Belsch sinn z'erwaarden

© RTL Archiv
De Grond fir méiglech Verspéidungen a komplett Ausfäll ass en ugekënnegte "interprofessionnelle" Streik, dat vun e Sonndeg u fir iwwert eng Woch.
Wéi d'SNCB mellt, wäert d'Offer da jee nodeem, wéi een Impakt de Streik huet, ugepasst ginn a wäert och 24 Stonne virdru publizéiert ginn.
Iert ee sech dozou entscheet, tëscht der Belsch a Lëtzebuerg den Zuch ze huelen, recommandéieren d'CFL, sech um offizielle Site oder op der CFL App z'informéieren.
Am meeschte gelies