D'lescht Woch scho war de 95er Bensinn ëm 1,4 Cent de Liter an d'Luucht gaangen, den 98er ass e Mëttwoch nogezunn. Elo ass et nees um 95er.

Deemno geet de 95er dës Kéier mat 3,1 Cent nach emol e gutt Stéck méi deier a kascht domadder vun en Donneschdeg un 1,504 Euro de Liter.