31,5 Kilometer sinn et vu Wäiswampech ganz uewen am Norden bis op de Rond-point Fridhaff bei Dikrech.

All Dag fueren hei zéngdausende Gefierer op dräi Spueren. D'Vitess ass dobäi jee no Plaz op 70, 90 oder 110 Kilometer an der Stonn begrenzt. An Zukunft soll eng Leitplank an der Mëtt vun der Strooss den Trafic trennen an d'Vitesselimite soll duerchgoend bei 90 leien. Déi Pläng sinn am Prinzip schonn zanter 2018 bekannt, 2021 gouf e Finanzéierungsgesetz gestëmmt. Ma et geet een awer doriwwer eraus.

Yuriko Backes (Mobilitéitsministesch)
"Andeems mer virun déi Rond-pointen, déi dohinner wäerte kommen, nach eng Iwwerhuelspuer bäibauen, dat heescht, wann do méi lues Vehiculen ënnerwee sinn, kënnen déi iwwerholl ginn. Zweetens wäerte mer op engem Stéck tëscht der Houschter-Déckt an Housen, wou bis elo guer kee Projet ass, dee Projet am Kader vum Plan national de mobilité 2040 analyséieren."

Laang war gefuerdert ginn, d'Dräibunn op véier Spueren auszebauen, och am Walkampf 2023. No enger Etüd ass déi Diskussioun elo awer vum Dësch. Dat ënnert anerem, well zousätzlechen Trafic ugezu géing ginn an esou weider Sécherheetsrisiken entstoe kéinten. Bëssi Gehässegkeet kann ee sech do bei der Oppositioun net verquëssen.

Meris Šehović (Deputéierten Déi Gréng)
"D'Regierung huet haut eent vun den zentrale Walversprieche vun der CSV an der ADR begruewen. Et si ganz vill Lokalpolitiker vun der CSV an der ADR notamment, déi an de Wale ronderëm gaange sinn an de Leit versprach hunn, datt se d'Véierspueregkeet op der N7 géingen ëmsetzen. Dat ass haut begruewe ginn, well et einfach net machbar ass."

Marc Goergen (Piraten-Deputéierten)
"Am Grousse Ganzen ass de Resumé fir mech, datt et net esou einfach ass, wéi et einfach an de Walprogramm ze schreiwen, datt se véierspuereg soll sinn. Déi Fuerderunge ware vläicht net ganz esou realistesch, wéi dat haut vu Ponts et chaussées bestätegt ginn ass, datt et net iwwerall esou einfach méiglech gewiescht wier, wéi et vläicht an de Wale bëssi méi grousstéinesch ugekënnegt gi war."

Op d'mannst bei der CSV, wou an der Zäit zum Beispill een Ali Kaes net midd gouf, eng véiert Spuer ze fuerderen, mengt een, datt et genuch Argumenter gëtt, déi beleeën, datt een Ausbau keng Plus-value bréngt. Et wier een och bereet, de Leit déi ze erklären.

Charel Weiler (CSV-Deputéierten)
"Ech mengen, et muss ee soen, wann Etüde kloer erausstellen, datt keng Verbesserungen doduerch kommen, da mécht et och kee Sënn, fir weider op där Véierspueregkeet ze beharren. Donieft, wa mer et géinge maachen, de Käschtepunkt géing an d'Luucht goen (ëm ronn 100 Milliounen Euro, Umierkung vun der Redaktioun) an et géing ee Retard vun op d'mannst zéng Joer bedeiten, well rëm nei Etüde misste gemaach ginn."

Am Idealfall sollen d'Aarbechten Enn dëst Joer respektiv Ufank d'nächst Joer um Fridhaff ufänken. Am Ganzen ass eng finanziell Enveloppe vu 627 Milliounen Euro virgesinn. Dës ëmfaasst och de Contournement vun Housen, deen am gaangen ass, gebaut ze ginn an dee vun Hengescht, wou grad een Avant-Projet ausgeschafft gëtt. Dat ganzt Stéck tëscht der Houschter-Déckt an Housen mat engem méigleche Contournement fir d'Houschter-Déckt par Konter net.