17 Méint fixe Radar
34.295 Gefierer geblëtzt zu Bäreldeng

Zanter August 2023 ass de fixe Radar am Agang vu Bäreldeng aktiv.
Knapp 30.000 Mol huet et 49€ kascht a ronn 1.000 Mol 145€ a gegebenenfalls 2 Punkten, heescht et an der Äntwert vun de Ministere Backes a Gloden op eng parlamentaresch Fro vun der CSV.
Déi héchst Vitess, déi zu Bäreldeng gemooss gouf, louch bei 129 km/h. Erlaabt si 50 km/h.
Ausser dem Rout-Luucht-Radar an der Polvermillen, dee scho virun zwee Joer decidéiert gouf, wier aktuell keen zousätzleche Radar bannent enger Uertschaft geplangt.
Am meeschte gelies