Chantier op der A7
Tunnel Miersch e Sonndeg vu 6.30 bis 20 Auer gespaart

© RTL-Grafik
E Sonndeg gëtt et e Chantier op der A7 Héicht Miersch.
Et gëtt en technescht Equipement am Tunnel Miersch ersat. Dofir ass den Tunnel tëscht 6.30 an 20 Auer e Sonndeg gespaart.
Den Trafic a Richtung Ettelbréck gëtt iwwer den Echangeur Luerenzweiler via d'N7, d'N8 an den Echangeur Miersch ëmgeleet. Fir den Trafic a Richtung Stad geet d'Deviatioun dann iwwer den Echangeur Miersch, d'N8, d'N7 an den Echangeur Luerenzweiler.
Am meeschte gelies