Vum 5. bis den 21. Abrëll
An der Ouschtervakanz gëtt op 3 Eisebunnslinne geschafft

© RTL (Archiv)
Fir den Impakt op d’Clienten esou kleng wéi méiglech ze halen, gëtt de Gros vun den Aarbechten an der Schoulvakanz gemaach.
An der Ouschtervakanz gëtt erëm un de Schinne geschafft. Wéi d’CFL e Freideg matgedeelt hunn, wäerten 3 Zuchlinnen dovu betraff sinn. Op de Strecken tëscht der Stad an Arel, der Stad a Metz, genee wéi tëscht der Stad a Rodange misst den Trafic ugepasst, respektiv deels ënnerbrach ginn.
All d’Detailer dozou, fannt Dir am Schreiwes vun den CFL.
Am meeschte gelies