Op der Pompel
Präisser vun 98er Bensinn, Diesel a Masutt klammen

© Envato Vlad_star
An der Nuecht op e Samschdeg ginn et bei enger ganzer Rei Pëtrolsproduiten nees Präishaussen.
Déi stäerksten Hausse beim Präis gëtt et beim 98er Bensinn, hei klëmmt de Liter ëm 4,2 Cent, dat op 1,616 Euro de Liter.
De Präis vum Diesel klëmmt ëm 1,3 Cent a läit vun e Samschdeg u bei 1,449 Euro de Liter.
Beim Masutt ass et eng Präishausse vun 1,1 Cent op dann insgesamt 0,894 Euro de Liter.
D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck

© RTL-Grafik
Am meeschte gelies