Meeschtverkaaften Auto an den USA kënnt aus Japan

© Andy Brücker / rtl.lu
No méi wéi 40 Joer ass de Ford F-150 Pick-up net méi de meeschtverkaaften Auto vum Joer an den USA. Ausgerechent e japanesche Modell ass elo d'Nummer 1.
Fir den Donald Trump ass et warscheinlech "very sad", well et handelt sech ganz kloer net ëm "fake News". No 43 Joer ass de Ford F-150 net méi dat meeschtverkaafte Gefier am Land. Neie King an de Venten ass den Toyota RAV4. Kee muskuléisen amerikanesche Pick-up, mä e kompakte japaneschen SUV - dat ass warscheinlech eng duebel batter Pëll fir den US-President.
De méi wéi 6 Meter laangen F-150, deen et an Europa als elektresch "Ligthning"-Versioun ze kafe gëtt, ass awer weider a senger Heemecht beléift. Méi wéi 460.000 verkaaften Exemplaire schwätzen eng kloer Sprooch. Mä den am Verglach klengen SUV war mat méi wéi 475.000 Stéck nach méi populär. Donieft stellt Toyota mat de Limousinne Camry a Corolla (Plaze 6 a 7) zwee weider Modeller an der amerikanescher Top 10. Iwwerhaapt sinn an där Hitparad méi japanesch wéi amerikanesch Gefierer ze fannen.
Dass no esou enger laanger Zäit de grousse Pick-up vu Ford net méi un der Spëtzt vum Klassement steet, huet verschidde Grënn. Engersäits gi méi kompakt Modeller allgemeng méi beléift (mam Ford Ranger och am eegenen Haus), anersäits hat déi amerikanesch Mark mat Schwieregkeete bei Zouliwwerer a mat Qualitéitsproblemer ze kämpfen, wat zu Ënnerbriechunge bei Produktioun an Ausliwwerung gefouert hat. Och bis zu 10 Prozent méi am Präis dierften eng Roll gespillt hunn.

© BILL PUGLIANO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
Allerdéngs ass et gutt méiglech, dass den alen och erëm den neie Chef bei de Verkafszuele wäert ginn. Ronn d'Hallschent vun de verkaafte RAV4 sinn a kanadeschen oder japaneschen Toyota-Wierker gebaut ginn. Mat den neien Importtaxen, déi vu Washington imposéiert solle ginn, kéint de Ford warscheinlech rëm séier d'Nummer 1 um Marché sinn. Een Titel ass dem F-150 awer weider gewëss: zanter 47 Joer ass et de meeschtverkaafte Pick-up an den USA.
Hei d'Top 10 vun de meeschtverkaaften Autoe vum Joer an den USA:
- Toyota RAV4
- Ford F-150
- Honda CR-V
- Tesla Model Y
- Chevrolet Silverado 1500
- Toyota Camry
- Toyota Corolla
- Nissan Rogue
- Honda Civic
- GMC Sierra 1500
De meeschtverkaafte Won 2024 um amerikanesche Marché ass iwwregens och schonn am RTL Automag getest ginn.