• De PLUS

    • Verbrauch
    • Plazverhältnisser
    • Reescomfort
  • De MINUS

    • Präis

Den Toyota RAV4 war quasi mat ee vun de Grënner vun der Kategorie vun de Kompakt-SUV.

Nieft engem Hybrid kritt een déi neiste Generatioun elo och als Plug-in-Hybrid. An deen huet den Andy Brücker aus de Automag-Ekipp fir iech getest.

Automag: Toyota RAV4 Plug-In Hybrid

Dat mat der Kompakt-SUV-Klass gehéiert elo allerdéngs éischter der Vergaangenheet un, well elo geet e mat senge 4m60 Längt ëmmer méi a Richtung Mëttelklass, wou en virun allem fir Famillen nach méi intressant gëtt.

Banneraum

D'Sëtzer sinn extrem komfortabel an et gëtt een och net midd op laange Reesen. Et däerf een allerdéngs net ze kriddeleg sinn, wat d'Fiederung ugeet, well déi ass nawell zimmlech stramm. Mech huet et net gestéiert, ma ech wollt et awer erwänen. Hannen huet een och genuch Plaz, souguer wann een 1m90 grouss ass. Plaz huet een och an der Mall, dat mat 520 Liter, wat awer beim Plugin-Hybrid 60 Liter manner si wéi beim Hybrid. Ënnert dem Mallendeckel huet een dann och nach Fächer, fir z.B. d'Luedkabelen ze verstauen.

D'Veraarbechtung vum RAV4 ass op engem ganz gudden Niveau an Oflagflächen a -fächer fënnt ee genuch. Sief et fir den Handy, de Portmonni, eppes ze drénken a wat weess ech net nach alles.  De Cockpit ass iwwersiichtlech an och d'Bedéngung vu Klimaanlag, Radio asw ass intuitiv an d'Knäppercher fille sech gutt un. Eppes wou ech e bësse méi laang gebraucht hu fir mech drun ze winnen, war den digitale Réckspigel. De Virdeel ass, dass een och eppes no hannen erausgesäit, och wann 3 grouss Leit hannendra sëtzen oder d'Mall bis ënner den Daach vollgepak ass... ma duerch de Wäitwénkel vun der Kamera huet een dach sou seng Problemer, fir d'Distanzen no hannen anzeschätzen. Do verdeet ee sech gär emol. Bei engem normale Spigel fält engem dat méi einfach.

Fueren

Wéi ech den Auto kritt hunn, huet e mer eng Autonomie vu 773km iwwert den 2,5 Liter Verbrenner-Moto uginn, an 78 km reng elektresch, dat duerch eng Batterie mat 18,1 kW-Stonne Kapazitéit, wat 10 mol méi ass wéi an der Hybrid-Versioun. Déi Batterie speist déi 2 Elektromotoren, een un der viischter Achs an een un der hënneschter Achs, woumat dann elo och gewosst ass, dass et sech ëm en Allrad handelt. De Verbrenner bréngt et op 185 PS, den hënneschten Elektromotor op 54 PS an dee viischten op 182 PS. Domat kënnt een op eng Systemleeschtung vun 306 PS beim Toyota RAV4 Plugin-Hybrid. Déi maximal Leeschtung steet engem awer just zur Verfügung, wann een am "Auto"-Modus ass, dat heescht wann een dem Bordcomputer d'Verdeelung vun der Leeschtung iwwerléist.

De Sprint vun 0 op 100 geschitt a just 6 Sekonnen a Schluss ass et bei 180 km/h.

Bis 135km/h kann een op der Autobunn reng elektresch fueren, dat natierlech just, wann d'Batterie genuch gelueden ass. Wa sech de Verbrenner bäischalt, kritt een dat quasi net mat. Dat hu se ganz gutt geléist bei Toyota.

Op dem Wee vu Bréissel zeréck op Lëtzebuerg hunn ech da mol getest, wéi et sou mam Verbrauch steet. An enger idealer Welt soll dee bei 1 Liter op 100km leien, respektiv 16,6 kWH op 100km. Ech hat no den 200k natierlech déi ganz Elektro-Energie opgebraucht an hat nach eng Autonomie vun 603km, wat eng errechent Moyenne vu 5,4 Liter op 100km ausgemaach huet.

Verbrauch

Alles an allem sinn ech wärend dem Test 1.320km. Fir déi ze fueren, hunn ech just 1 mol Sprit mussen notanke goen, an hat nach 403km Autonomie iwwreg mam Verbrenner. D'Batterie hunn ech reegelméisseg op der Aarbecht via eng normal 220 Volt Steckdous gelueden, wat wärend deenen 8 Stonnen duergaangen ass, fir nees voll Kapazitéit ze hunn. Ween d'Méiglechkeet huet, säi Plug-In reegelméisseg tëschenduerch ze lueden, kënnt mat deene reellen 70km Elektro-Autonomie immens gutt duerch den Alldag, an de Wee bei d'Bensinsstatioun gëtt definitiv éischter méi eng seelen Aufgab. Via d'Recuperatiounsfunktioun, kann een och méi wéi 70km reng elektresch fueren, wann de Streckeprofil et erlaabt.

Präis

Lass geet et beim Plug-In-Hybrid bei eppes iwwer 55.000 Euro. An der Premium-Plus-Variant mat Panoramadaach, HeadUp-Display. JBL Soundsystem asw leie mer dann awer scho knapp iwwer 60.000 Euro. Dat si vill Suen, ma et kritt een och vill Auto dofir, bei wéineg Verbrauch.