No 3 Haussen hannerteneen ass et elo eng méi erfreelech Nouvelle, wat d'Spritpräisser ugeet.

Fänke mer mam 95er Bensinn un, well dee bleift onverännert bei 1,527 Euro de Liter.

Den 98er da geet vun 1,64 Euro erof op 1,594 Euro de Liter, deemno eng Baisse vu 4,6 Cent.

Beim Diesel kascht de Liter vun e Samschdeg un 1,403 Euro de Liter, géintiwwer 1,449 Euro bis Hallefnuecht (-4,6 Cent).

De Masutt da fält vun 0,894 Euro op 0,852 Euro/Liter (-4,2 Cent).

RTL

© RTL-Grafik