E Mëttwoch kontrolléiert d'Police verstäerkt d'Vitess op de Stroossen.

Dat am Kader vum Speedmarathon 2025. Fir d'Editioun vun dësem Joer, konnt ee jo um Instagram-Profil vun der Police mat ofstëmmen, op wéi enge Plaze soll kontrolléiert ginn.

D'Vitess ass nach ëmmer den Haaptgrond fir déidlech an uerg Accidenter am Land.

Bei der leschter Editioun vum Speedmarathon goufen am Ganzen 2.500 Automobiliste geblëtzt.

De Speedmarathon ass en Deel vun der europawäiter Campagne "Speed", déi vum 7. bis den 13. Abrëll geet.