An der Belsch gëtt nees bei der Eisebunnsgesellschaft SNCB gestreikt.

Wéi d'CFL matdeelen, misst een dowéinst vun e Méindeg 22 Auer bis en Dënschdegowend 22 Auer mat Perturbatiounen op den Zuchstrecken tëschent Lëtzebuerg an der Belsch rechnen.

Et kéint zu Retarden an Annulatioune kommen.

Iert ee sech dozou entscheet, tëscht der Belsch a Lëtzebuerg den Zuch ze huelen, recommandéieren d'CFL, sech um offizielle Site oder op der CFL-App z'informéieren.

Hannergrond vum Streik si Reformpläng vun der belscher Regierung, wéi en Eropsetze vum Rentenalter bei den Eisebunner.