Déi nei Gare um Houwald soll bis Enn 2026 fäerdeg ginn
Zanter Januar 2024 lafen d'Aarbechten un der Gare um Houwald. Si gëtt Dréi- an Angelpunkt fir d'Zich, déi an d'Stater Gare eran- an erausfuere wëllen.
Enn 2026 soll de Pôle d’Echange Houwald prett sinn. Bis dohinner stinn awer nach eng Partie Aarbechten an d’Haus. Dës multimodal Gare soll de Besoine vun de Leit entgéintkommen. Leit, déi hei an der Géigend wunnen a fir déi, déi hei ronderëm all Dag schaffe kommen.
"Viru laange Jore gouf iwwer eng Gare nogeduecht, déi multimodal ass", esou d’Sandy Nonnweiler, Porte-parole vun den CFL. "Wann d’Neibaustreck Beetebuerg-Lëtzebuerg bis fäerdeg ass, kënne mir hei entflechten. Déi zwou Strécke Lëtzebuerg-Esch-Rodange a Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz vu Beetebuerg aus trennen." D’Zich kéinten op dës Manéier separat op zwee verschiddene Gleiser an der Gare vun der Stad Lëtzebuerg eralafen. "Dëst erlaabt eis méi pünktlech ze ginn an d’Kapazitéite kennen eropgesat ginn", esou nach d’Sandy Nonnweiler.

© RTL-Grafik
Tëscht dem 12. Juli an dem 15. September vun dësem Joer sti gréisser Aarbechten un. D’Streck bléift deen Ament fir den Zuchtrafic gespaart. Déi al Gleiser a Katenäre ginn dann erausgeholl. "Déi ganz Plattform wäert erneiert ginn. Op enger Längt vun 3x900 Meter ginn des opwänneg Aarbechten duerchgefouert", erkläert den David Da Silva, Bauingenieur bei den CFL. "Déi aktuell Stréck Beetebuerg-Lëtzebuerg, déi aktuell am Quai 1 eraleeft, wäert vum 15. September un am Quai 2 stoebleiwen. De ganzen Trafic gëtt also op de Quai 2 deviéiert. De Quai 1 gëtt dann ausser Betrib geholl bis de Raccord mat der Neibaustreck gemaach gëtt."

© RTL-Grafik
D’Regionalzich, déi vu Beetebuerg kommen, wäerten an Zukunft um Quai 2 ukommen. All déi international Zich, dat heescht déi aus der Lorraine kommen, wéi ënner anerem den TGV, fueren duerno am Quai 1 eran.
Enn 2026 soll déi nei Gare um Houwald fäerdeg gebaut sinn. Am Hierscht 2027 soll d’Neibaustreck Beetebuerg-Lëtzebuerg fir den Zuchtrafic opgoen.