Op der Pompel
Diesel, Bensinn a Masutt gi méi bëlleg

© Image Envato Sandsun
Vun e Samschdeg Hallefnuecht ginn d'Präisser op der Pompel erof.
De Präis vum 95er Bensinn geet ëm 1,6 Cent op 1,434 Euro de Liter erof. Beim 98er ass et eng Baisse vun 1,6 Cent op 1,536 Euro de Liter.
Den Diesel gëtt dann ëm 2,2 Cent méi bëlleg a wäert vun e Samschdeg un 1,345 Cent de Liter kaschten.
Beim Masutt (10 ppm) geet de Präis ëm 2,2 Cent op 0,792 Euro de Liter erof.

Am meeschte gelies