Méiglech Perturbatiounen am Zuchtrafic wéinst Streik a Frankräich

Den TGV 2024 zu Rodange op der Gare / © RTL Archiv
Wéinst engem Streik bei eisem Noper kann et tëscht en Dënschdeg an e Sonndeg zu Stéierungen op den Zuchlinnen tëscht dem Grand-Duché a Frankräich kommen.
Méi genee kann et, wéi d'CFL matdeelen, zu Verspéidungen an Annulatiounen op der Streck Lëtzebuerg - Thionville - Metz an op den TGV-Verbindungen tëscht dem Grand-Duché a Frankräich kommen. Dat vun en Dënschdeg dem 6. Mee um 19 Auer bis e Sonndeg den 11. Mee um 22 Auer.
D'CFL recommandéieren, sech virum Trajet op hirem Site oder hirer App iwwer méiglech Perturbatiounen z'informéieren.
D'Schreiwes vun den CFL
En raison d’un mouvement de grève en France, la circulation des trains risque d’être perturbée entre le Luxembourg et la France entre le mardi, 06 mai 2025 (19h) et le dimanche, 11 mai 2025 (22h). Des retards et suppressions sont ainsi possibles sur la ligne Luxembourg – Thionville – Metz et sur les relations à grande vitesse (TGV) entre la capitale du Grand-Duché et la France (et vice-versa). Nous recommandons aux clientes et clients voyageant entre le Luxembourg et la France de s’informer sur www.cfl.lu ou via l’application CFL mobile sur leur trajet individuel.