Passagéier- a Wuerentransport
Den Zuch gëtt zu Lëtzebuerg ëmmer méi beléift

© Pierre Weimerskirch / RTL
Den Zuch gëtt ëmmer méi beléift am Grand-Duché. Op déi lescht Jore gekuckt ass d’Zuel un Zuchpassagéier däitlech eropgaangen.
Dat geet aus neien Zuele vum ILR ervir. D’Analys vum nationale Regulatiounsinstitut bezitt sech op d’Period vun 2019 bis 2023. Bei den Zuchpassagéier wier et all Joer eng Hausse vu bal 30 Prozent. Och fir de Wuerentransport gëtt den Zuch méi dacks genotzt. 2023 sinn iwwer 230 Milliounen Tonnekilometer Wuere mam Zuch transportéiert ginn. Do ass et op ee Joer gekuckt eng Hausse vu gutt engem Prozent.
Am meeschte gelies