Wéi geet et elo weider?Sécurité Routière: Wou ass den Dossier drun?

RTL Lëtzebuerg
Vill Sue feelen der Sécurité Routière vum nächste Joer un, fir hir Aarbecht kënne weider ze féieren.

Et hofft een op Privatacteuren, fir finanziell Hëllef ze kréien.

Ee Mount ass et elo hier, wou de Paul Hammelmann, President vun der Sécurité Routière, bei de Kolleegen um Radio d’Rumeure confirméiert huet, dass hiren Haaptsponsor, d’ACA, si vun nächstem Joer un net méi wäert finanzéieren. D’Assurancëgesellschafte wieren de Meenung, et wier eng Mission Accomplie an et bräicht een d’Sécurité Routière net méi.

De Mobilitéitsministere, als Tutellesministère, stäipt der Sécurité Routière de Réck. Si sollen hir Aarbecht weiderfeieren.

De Paul Hammelmann
Vill Sue feelen der Sécurité Routière vum nächste Joer un, fir hir Aarbecht kënne weider ze féieren.

D’ACA wëll also vum nächste Joer un d’Sécurité Routière finanziell net méi ënnerstëtzen. Wou wëll een déi Suen, déi feelen, siche goen?

De Paul Hammelmann
Vill Sue feelen der Sécurité Routière vum nächste Joer un, fir hir Aarbecht kënne weider ze féieren.

De 17. Juni ass d’Assemblée Générale vun der Sécurité Routière. De Paul Hammelmann wäert e weidert Joer wuel President bleiwen. Si hätten och nach finanziell Récklag fir d’Joer 2026.

Back to Top
CIM LOGO