Op ronn 60 Buslinne vum RGTR-Reseau kënnt et zu Ännerungen

Fir den RGTR-Reseau ze verbesseren, kënnt et um Niveau vun den Horairen an den Itinerairë vun de Buslinnen zu Modifikatiounen, sou den Transportministère.
Ënner anerem um Kierchbierg kënnt et zu Ännerungen: Well den Tram an Zukunft jo och iwwert de Boulevard Konrad Adenauer fuere soll, gi 17 Buslinnen adaptéiert. De Pôle d'échange "Europe" bei der Coque gëtt net méi ugefuer, amplaz soll dee bei der Luxexpo méi dacks ugefuer ginn.
Wat déi aner Linnen aus dem RGTR-Reseau ugeet, sinn dem Schreiwes vum Transportministère no Propose vun den eenzele Gemengen en compte geholl an - souwäit se e kollektive Virdeel bruecht hunn - an den neie Plang integréiert ginn.
Eng komplett Iwwersiicht am Detail vun allen Ännerunge fannt Dir am Communiqué.