Enn 2022 gouf zu Esch-Belval déi längste Vëlosbréck an Europa ageweit.

Knapp 50 Milliounen Euro huet de Vëlodukt kascht. Mam Vëlo koum een awer bis elo nach net direkt an de Stadzentrum vun Esch, well beim Rond-point um Boulverad Prince Henri war op eemol fir d’Cycliste Schluss. Elo gouf awer dee leschten Tracé ageweit.
 
Wien déi lescht zwee Joer mam Vëlo vum Belval an den Escher Stadzentrum wollt fueren, huet beim Boulevard Prince Henri bestëmmt alt emol komesch gekuckt: D'Vëlospist huet op eemol opgehalen. Zanter e Freideg ass dat anescht: Vum Boulevard Prince Henri kënnt een elo iwwer eng bidirektional Vëlospiste bis bei d'Escher Kanalstrooss.

Domat war et awer nach net gedoen, esou de Meris Sehovic, Escher Mobilitéitsschäffen:

"Dofir hu mir als Escher Gemengerot gesot: Ok, mir zéien déi Vëlospiste duerch d'Kanalstrooss weider. Sou dass mir elo ganz kuerzfristeg, virun e puer Woche gesot hunn, mir maachen eng Verkéiersberouegung an der Kanalstrooss. A mir schafen och an der Kanalstrooss eng bidirektional Vëlosspuer. Esou, dass een elo effektiv vum Belval iwwer de Vëlodukt, iwwer de Boulevard Prince Henri, duerch d'Kanalstrooss bei d'Escher Stadhaus kënnt."

Eng direkt Vëlospist vum Belval an den Escher Zentrum
Vum Boulevard Prince Henri kënnt een vun elo un iwwer eng bidirektional Vëlospiste bis bei d'Escher Kanalstrooss.

Déi douce Mobilitéit soll awer net just duerch d'Vëlosinfrastruktur gefërdert ginn. D'Stad Esch wëll och weiderhin an de Summerméint op de Service vun de Vëlostaxie setzen, déi d'Leit iwwer d'Vëlospisten transportéieren:

De Meris Sehovic:

"D'Leit rennen eis d'Bud an mat deene Vëlostaxien. Dofir huet d'Stad Esch gesot: Ok mir kafen elo där Vëlostaxien. Dat ass elo ee permanente Service an de Fréijoers- a Summerméint. An dat ass eppes, wat immens gutt ugeholl gëtt, wat och touristesch wäertvoll ass. Mir si jo hei och op engem Deel vum nationale Vëlosreseau, deen immens ästhetesch ass."

Ëmmer méi maachen d'Autoen zu Esch Plaz fir de Vëlo. Dat heescht awer och: D'Parkplaze gi manner, wat de Geschäftsleit aus der Kanalstrooss Suerge mécht, wéi zum Beispill dem Restaurateur Antonio Castanho:
 
"La clientèle a diminuée de 40 à 50% à midi. Le soir ça va, parce que les gens ont le temps. Mais à midi, puisqu'ils ont qu'une heure pour manger, ils ne viennent pas ici. Ils n'ont pas de place, alors ils ne viennent pas ici."

Den Escher Geschäftsverband, grad ewéi de Meris Sehovic, hunn eis op Nofro hi confirméiert, datt ee sech nächst Woch fir eng Entrevue géif gesinn.
 
Weider heescht et, datt och d'Awunner aus der Kanalstrooss d'Verkéiersberouegung géife begréissen.