An 59 Gemenge ginn et iwwer 500 Kilometer Weeër
Déi 6. Editioun vum Vëlosummer fänkt den 19. Juli un an dauert bis de 24. August.
D’Transportministesch Yuriko Backes an den delegéierte Minister fir Tourismus Eric Thill hunn déi 14 Circuite vun dësem Joer de Mëtteg op enger Pressekonferenz presentéiert an eng Partie Neiegkeeten annoncéiert. Iwwer 500km geet de Vëlosummer dëst Joer. Vun de 14 Circuite sinn eng Partie neier dobäi.
"Dat ass eng Kéier den Tour vum Wëlle Westen, mat enger Familljenalternativ, deen duerch Randschelt geet, deem klengsten Duerf hei am Ländchen. Zweetens ass dat de "City Discover Tour" hei an der Stad, mat senge sëllegen UNESCO-Sitten. Drëttens, och nei derbäi, ass dat de Péckvillchen-Tour ronderëm Kielen an Nouspelt. An dann, last but not least, ass och ganz nei de Mamerdall-Tour, dee mam Tracé vum Bekannten alles op de Vëlo dëst Joer och an de Vëlosummer wäert integréiert ginn.", erkläert den Eric Thill.
D'verschidde Strecke wäerte just iwwert een oder zwee Weekend accessibel sinn, anerer wärend der ganzer Period. 59 Gemenge maache beim Projet mat, sou datt all d'Regioune vum Land vertruede sinn. Nei ass dann och, datt een op deene meeschten Tier e Vëlosurplaz ka lounen. De Vëlosummer ass dëst Joer dann och eng Woch méi laang. D'Transportministesch Yuriko Backes:
"Mir bauen hei wierklech op e Succès op vun deene leschte Joren. 2024 hate mer iwwer 31.000 Participanten. D'Joer virdru waren et der 24.000. Dat heescht, mir gesinn do eng Montée en puissance."
De Vëlo soll weider promouvéiert ginn, huet och den Delegéierte Minister fir Tourismus Eric Thill betount an erkläert, datt extreem vill Touristen op Lëtzebuerg komme fir Vëlo ze fueren an deemno och d'Hoteller dovunner profitéieren. D'Offer soll weider ugepasst ginn. An deem Kontext huet d'Yuriko Backes eng ganz Partie Projeten opgelëscht, déi an den nächsten 12 Méint an de Bau wäerte goen, respektiv och scho fäerdeg gestallt wäerte ginn. Ee Beispill erausgepickt:
"Alzeng-Siren. Do wäerte mer e Chemin cyclable maachen, dee gesitt Der hei. 8,2 Kilometer, mat engem och nees roude Belag op deenen zwou Säiten, deen da fir d'Vëlosfuererinnen an d'Vëlosfuerer geduecht ass."
D'Vëlosinfrastruktur soll verbessert a vergréissert ginn an déi nei Piste wäerten och all e roude Belag kréien, fir méi visibel fir jiddereen ze sinn, huet d'Yuriko Backes nach eemol ënnerstrach.
All d'Informatiounen an d'Circuite vun der 6. Editioun fannt Dir iwwregens ënnert www.velosummer.lu.
Developpementer an der Vëlosinfrastruktur
An Zukunft wäert et och e Lien tëscht der Belsch a Lëtzebuerg ginn. Vu Sterpenech bis op d’Gare zu Klengbetten gëtt den Ament nämlech un enger Vëlospist geschafft. Ee Grond dofir ass, den Trafic op de Stroossen z’erliichteren, an dass d’Frontaliere kënnen de Vëlo huelen, fir vu Klengbetten aus den ëffentlechen Transport ze huelen.
D’Gemeng Arel wëll hire Bierger gläichzäiteg erméiglechen, op eng sécher Aart a Weis mam Vëlo ze fueren, ouni dass se Autoe ronderëm sech hunn. E Virdeel och fir d’Kanner, deenen hir Schoul direkt op der Vëlospist läit.
Bis spéitstens den 31. Dezember 2027 soll de Projet fäerdeg ginn, an ass co-finanzéiert vun der ‘Région wallone’ an der ‘zone fonctionelle transfrontalière Luxembourg-Wallonie Sud’.