Persoun zu Conter vum Zuch erfaasst a blesséiert

Wéi d'CFL gemellt haten, gouf et Problemer op der Linn Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier wéinst engem Asaz vu Rettungsdéngschter op de Schinnen zu Millbech.
Aus deem Grond ware ronn eng Stonn keng Zich op där Linn gefuer. Géint 8.30 Auer hunn d'CFL matgedeelt, datt den Zuchtrafic op där Streck nees progressiv géing opgeholl ginn.
Wéi et am Bulletin vum CGDIS heescht, gouf op der Héicht vum Passage à Niveau vun der Cité Ledenbierg eng Persoun vum Zuch erfaasst an um Bee blesséiert. Eng Ambulanz aus der Stad, eng vu Réimech an ee Samu aus der Stad waren op der Plaz. De Foussgänger gouf net liewensgeféierlech blesséiert, ma koum genee wéi den Maschinist vum Zuch an d'Spidol.
Am Laf vum Moie kéint et duerch de Virfall nach zu Annulatiounen a Retarde kommen. D'CFL bieden d'Passagéier, sech virun hirem Trajet iwwer hire Site oder CFL-App z'informéieren.