Automag - ElektrifizéiertPorsche Cayenne Electric

Akim Schmit
Andy Brücker
Nom Taycan a Macan gëtt et mam Cayenne Electric elo den drëtten elektresche Porsche an der Gamme.

Fréier huet ee bei Porsche u Sportsween geduecht, haut denkt een awer och u Macan oder Cayenne. An nom Macan gouf elo och de Cayenne op elektresch ëmgestallt. Wat et domat op sech huet, a wéi sech den neie Cayenne Electric fiert, weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.

Automag: Porsche Cayenne Electric

Nom Taycan a Macan steet mam Cayenne Electric elo den drëtten elektresche Porsche virun eis. An dee soll Appetit op Elektromobilitéit maachen: 800 Volt-Technik fir séiert Lueden, 113 kWh Akku fir Reechwäit an - am Topmodell - genuch Leeschtung fir de Sprint op Tempo 100 an nëmmen 2,5 Sekonnen ze packen. A an dat an engem 2,6 Tonne schwéieren SUV mat Unhängerkupplung.

© Akim Schmit

Looss eis mam Design ufänken… de Cayenne hat ëmmer e markanten Optrëtt. Gëlt dat nach ëmmer?

Jo, déi bullesch Proportiounen, déi héich Front an déi breet Schëllere sinn erhalen bliwwen. Besonnesch un der Front fält dat op: si baut méi héich wéi beim Verbrenner, d'Pharen droen déi typesch Véier-Punkt-Signatur an de ganze Look wierkt clean a modern. Interessant ass och, dass Porsche net op versenkbar Diergrëffer setzt, mee klassesch Diergrëffer verbaut. Hannen dominéiere schmuel Réckluuchten, e massiven Diffusor an de beliichte Porsche-Schrëftzuch.

© Akim Schmit

A bannendra? Raumschëff oder nach ëmmer klassesche Porsche?

De Banneraum ass konservativ gehalen, an dat ass gutt. D'Steierrad kënnt zum Beispill ouni Touch-Knäppecher aus a läit exzellent an der Hand. Virum Chauffer sëtzt elo fir déi éischt Kéier e gebéiten Instrumente-Cluster an optional gëtt et souguer en extra Ecran fir de Bäifuerer.

© Akim Schmit

De Material-Androck entsprécht den Erwaardunge: mëll Uewerflächen, héichwäerteg Veraarbechtung a vill Lieder ginn den Toun un. Gutt gefall hu mir och déi optional Multikontursëtzer, déi vill Säitenhalt a Komfort bidden.

© Akim Schmit

Du hues virdru schonn Appetit gemaach: Leeschtung gëtt et am Cayenne masseg!

Porsche setzt op dräi Varianten. De "klengen" heescht einfach Cayenne Electric, kënnt op 408 Päerd (325 kW) an ass a 4,8 Sekonnen op 100. Beim Cayenne S klëmmt d'Leeschtung op 666 Päerd (490 kW). An enger anerer Liga spillt de Cayenne Turbo Electric: 857 Päerd am Normalmodus a bis zu 1.156 Päerd an en Dréimoment vu 1.500 Nm bei aktivéierter Launch-Control; domat dauert et 2,5 Sekonnen op Tempo 100. Bei mengem éischte Kickdown ass mer bal de Sonnebrëll vun der Nues geflunn, dat geet richteg viru.

© Akim Schmit

A wéi fillt sech dat Ganzt op der Strooss un?

Erstaunlech normal: trotz senger Gréisst a senger Leeschtung bleift de Cayenne extrem stabil, präzis a gutt kontrolléierbar. Dat läit ënner anerem um neie "Porsche Active Ride"-Fuerwierk, dat permanent d'Karosserie stabiliséiert a fir eng gutt Kombinatioun aus Komfort a Dynamik suergt. Komfort ass beim Cayenne och wichteg, besonnesch op laange Strecken. Déi 113 kWh an der Batterie ginn am beschte Fall fir 643 Kilometer duer, geluede gëtt mat 390 kW an der Spëtzt.

© Akim Schmit

Vläicht nach däi Fazit an e Wuert zum Präis?

De Cayenne Electric fillt sech net wéi en Elektroauto un, dee sech erkläre muss – mee wéi e Porsche, dee mat der Zäit gaangen ass. Lass geet et bei 104.000 Euro fir d'Basis, den Turbo start bei ronn 163.000 Euro.

© Akim Schmit
Positiv opgefall

Staark Fuerleeschtungen

Exzellent Fuerwierk

Gutt Bremsleeschtung

Negativ opgefall

Nëmmen 2 Joer Garantie


INTERNET: Porsche Cayenne Electric

Back to Top
CIM LOGO