Et kennt een d'Biller schonns aus den USA. Taxien, déi ouni Chauffeur fueren. Rezent konnt sech och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden zu San Francisco, ee Bild vun engem "Robotaxi" maachen. Datt déi Technologie och iergendwann an Europa zum Asaz kënnt, dierft wuel just eng Fro vun der Zäit sinn. De Rich Simon war an Holland mat engem Tesla ënnerwee, bei deem hien a sech just nach Bäifuerer war.
Freides den 10. Abrëll owes um 22 Auer, krut Tesla vun der hollännescher Regierung de GO, fir mat hiren Autoe mam "Full Self-Driving" op de Stroossen am Vëlosland ënnerwee ze sinn. Kuerz drop si schonns d'Invitatiounen un d'Press erausgaangen, fir déi nei Technologie ze testen. Et war een deemno bei Tesla presséiert, fir mat der Nouvelle erauszegoen. Gedold ass definitiv net dem Elon Musk seng Stäerkt. Bis elo waren d'Autorisatioune just fir d'USA, Kanada, China, Puerto Rico, Mexiko, Australien, Neiséiland a Südkorea do. Holland ass elo dat éischte Land an Europa, dat et erlaabt, datt den Auto selbststänneg fiert.
Als eenzege Lëtzebuerger Journalist hat ech d'Chance, fir bei den éischten Testfaarten dierfen dobäi ze sinn. Nodeems ech schonns e puer honnert Autoen op Häerz an Nieren hunn dierfen testen, war den Tesla-Test dach eppes Aussergewéinleches. Esou richteg wousst ech net, ob ech dem System kéint voll a ganz trauen. Op den éischte puer Kilometer huet et sech dach e bësse komesch ugefillt, datt een d'Hänn net um Steierrad an d'Féiss net un de Pedalle muss hunn. D'Nervositéit huet sech awer séier geluecht. No enger knapper véierel Stonn hunn ech mech richteg wuel an och sécher am Auto gefillt. Fakt ass, datt een absolut näischt brauch ze maachen, ausser datt een de Bléck Richtung Strooss an d'Hänn esou placéiert muss hunn, datt een direkt kann agräifen, wann d'Situatioun et géif erfuerderen.
Op den 150 Kilometer, ronderëm an duerch Amsterdam, war dat awer net eng Kéier de Fall. Den Tesla Y mat deem ech ënnerwee war, huet alles erkannt wat a sengem Ëmkrees lass war. Hien huet z.B. den Tirette-System besser verstanen, wéi vill Automobilisten. Hien hält sech konsequent un d'Vitesslimitatiounen, wat awer net verhënnert, datt ee selwer nach kann op de Champignon drécken, wann et da soll bësse méi séier goen. De Code de la Route kennt de "Full Self-Driving" aus dem FF. Wärend der ganzer Testfaart, huet den Auto ni abrupt ofgebremst oder an iergendenger Form ze sec reagéiert. All Korrektur um Steierrad war immens flësseg. Fir de System awer nach vun Dag zu Dag ze verbesseren, gräift Tesla op Daten zeréck , déi hir Autoe weltwäit op ronn 320 Milliounen Kilometer pro Dag, zeréck leeën.
D'Fro déi sech stellt, ass déi vun der Responsabilitéit. D'Äntwert ass kloer: d'Persoun, déi hannert dem Steierrad sëtzt, bleift am Fall vun engem Accident responsabel. Dat dierft och Assurancentechnesch wichteg sinn an ech ka mir virstellen, datt d'Käpp schonns bei de verschiddenen Assurancëgesellschaften dämpen, fir dem Client eng fair Offer unzebidden.
Am Prinzip kann all Tesla Model, deen vun 2023 u gebaut gouf, op de "Full Self-Driving"-System zeréck gräifen. Gratis ass de System awer net. Wéi esou dacks beim Elon Musk sengen Entwécklungen, muss een och hei een Abonnement hunn. Dat kascht 99 Euro de Mount. Et kann een awer och een eemolege Forfait vu 7.500 Euro bezuelen. Déi mannst dierften awer dës Formule wielen.
Gleeft een de Responsabele vun Tesla, dann ass et just nach eng Fro vun der Zäit wéini, nieft Holland, déi aner EU-Staaten d'Autorisatioune ginn, fir datt Autoen autonom dierfen duerch Europa fueren. Datt et funktionéiert, huet de Luc Frieden an Amerika selwer erlieft.